Carte blanche : A wat geschitt nom 7. Juni? (RTL 15.05.15)

(15.05.2015)

De 7.Juni 2015, oder méi genee dee consultativen Referendum op dësem Dag gëtt ëmmer méi zu engem Schicksalsdag fir Lëtzebuerg gemaach. Virun allem déi politesch organiséiert Jo-Soer-Front, ugefouert vun de Regierungsparteien well dësen Test zu enger Ofstëmmung iwwer d’Zukunftsfäegkeet vum Land maachen. Dont acte!

Dobäi ass eent sécher: Och den 8. Juni ass heiheem net alles anescht an am d’Land an an der Natioun bleiwen vill wichteg Problemer, déi politesch ugepak mussen ginn. Leider kann et  awer sinn, dat et no dem Referendum net méi einfach gëtt, zesummen Léisungen ze fannen.

D’Betounung läit op Zesummen. Ech froen mech zanter Méint elo schonn, firwat mir et heiheem net fäerdeg bréngen a bruet hunn, an enger Zort nationalem Konsens d’Verfassungsfroen unzegoen. Iwwer Joeren ass dëst de Leit jo gesot ginn. Op eemol wor dat anescht.

Keen well d’Verantwortung dofir iwwerhuelen. An et ass leider nun emol esou, dat mer am gaangen sinn ze splécken an dat versicht gëtt, d’Leit a Kategorien anzedeelen:  Déi Gutt an di Schlecht, déi Fortschrëttlech an déi Réckstänneg, déi Modern an déi Almoudesch,  déi, déi an d’Zukunft kucken an déi, déi méi nëmmen am Haut an am Elo liewen an denken. Wann een vu Baussen op eis kuckt, kann een nëmmen de Kapp rëselen.

Mir sinn am gaangen mam Feier ze spillen. An dat ouni richtegen Gronn. Et freet een sech, firwat eigentlech net virun zwee Joer, wéi mer méi frei ewéi geplangt wielen gaangen sinn, d’Themen vun haut och d’Top-Themen am Walkampf waren. Firwat wor dat net esou?

Elo gëtt sech beschwéiert d’Campagne –  virun allem déi iwwer d’Auslännerwalrecht – gëff net laang genuch daueren. Hate mer keng Zäit dofir? Firwat ass dat net éischter geschitt? Oder wollten d’Parteien dat net maachen am sou genannten regulären Walkampf?

Nun, dëst alles ass net einfach ze verstoen. An et ginn dir Saachen méi. Et ass zum Beispill och schwéier de Leit kloer ze maachen, dat no dësem Referendum mat dräi statt ewéi geplangt véier Froen nach een Referendum wärt kommen. Da geet et em déi ganz nei Verfassung.

De geplangten Datum sinn d’Gemengewalen an zwee Joer.

Da geet déi ganz Saach also nach emol un. Virausgesat, den neien Verfassungstext fënnt beim éischten Vote  am Parlament eng Zwee-Drëttel-Majoritéit.

A wien weess, op et iwwerhaapt esou eng Majoritéit wäert ginn.

Et riskéiert  deemno ëmmer méi komplizéiert ze ginn an et ass am Fong ze hoffen, dat d’Politik vläicht erëm op de Wee vum Mateneen geet, wann et em esou wichteg Froen ewéi  déi vun der Verfassung geet. Dëst ass ëmmerhin den reglementareschen Ënnerbau vun eisem Land a vun eiser Natioun. Ze splécken ass hei nu wierklech net dat richtegt Konzept.