Carte blanche : Dysfonctionnements (RTL 24.02.14)

(24.02.2014)

Beamten déi iwwer Joeren net genuch oder guer net schaffen. Dysfonctionnementer bei der Militärmusek. En héijen Beamten, deen sech op eng onorthodox Aart  a Weis perséinlech Données’en vun sengen Facebook-Frënn beschaaft an des dann mat Wahlpropaganda beriselt. Een Beamten, den net kann an en anere Ministär wiesselen, well en ze vill verdéngt. Eng vermeintlech Affäre em Déngschtautoen vu Ministeren a Staatssekretären. An dann natierlech nach de Bommeleeër-Prozess, bei deem Deeler vun den aktiven an net méi esou aktiven „Forces de l’ordre“ keen ganz gutt Bild ofginn.

Dat sinn eng Hällewull Saachen, déi d’Ëffentlechkeet zanter Wochen schonn beschäftegen. Déi fir Schlagzeilen suergen, déi d’Vertrauen vun de Bierger an déi ëffentlech Saach net grad verstäerken.

Hu mer wierklech keng aner Problemer, kéint een sech froen. Sécher, hu mer. An dach gehéieren all déi virdrun opgezielten Punkten opgekläert oder, loosse mer net iwwerdreiwen, opgeschafft.

Bei verschiddene Punkten geet d’Opschaffen allerdéngs wäit iwwer dat eraus, wat een op den éischten Bléck kéint mengen. Huele mer déi Saach mat den Beamten, deenen politeschen Beamten. Well et sinn genee esou er, déi elo am Mëttelpunkt vum Interessi stinn. Wier et net un der Zäit, méi am Fong iwwer d’Politiséierung vun ganzen Deeler vum héijen Fonctionnariat ze schwätzen. Hei hunn an haten all Parteien an der Regierung sech mam System arrangéiert an systematesch hirer Leit plazéiert. Et sinn der esouguer, di sinn a Walen gaangen an hunn de Wiessel, oder besser gesot de Sprong an déi aktiv Politik vum Beamtesetz aus gepackt.

Wier et net un der Zäit, dat een sech giff eens gin, fir een an  allemol d’Praxis vun de politeschen Beamten transparent an kloer ze regléieren. Da bräicht et net zu Versetzungen, Vertrauenskrisen a Payenproblemer ze kommen, wann dat normaalst vun der Welt geschitt, nämlech e politesche Wiessel.

Bei all deem sollt een och bedenken, dat déi Saach mat der Parteikaart, mat Posten fir deen een oder deen aneren, jo net nëmmen eng Saach an de Ministèren ass. Wéi gesäit et dann am kommunale Secteur aus? Bleift ze hoffen, dat den neien Innenminister, dee selwer Buergermeeschter a Gemengebeamte wor, och hei emol kuckt, wien wou wat schafft oder net a wien vu wiem op wat fir een Posten gesat ginn ass.

Bref et ass alles net esou einfach, wann een opraume well. Dobäi hoffen ech wierklech dat et bei deser Aktioun net bei engem Stréifeier bleift mat punktuellen Highlights, déi fir Schlagzeile suergen.

Eng eemoleg Ministesch huet leschten Donneschdeg hei op der Antenne dovu geschwat, dat  „Déi Leit déi am ëffentlechen Déngscht stinn, op Politiker oder Beamten,  sech zu all Moment mussen hirer Verantwortung bewosst sinn, géigeniwwer der Institutioun déi si an hirer Funktioun vertrieden a vis-à-vis vun alle Bierger“

Domat huet d’Colette Flesch natierlech  absolut Recht. Ech hoffen et gëtt elo eescht mat enger Rei vun Code de Deontologien, kloren Spillregelen, dem Ofschafen vun Kumulen a Barrièren fir déi weider Politiséierung vum Poste clefs’en beim Staat.  Dat selwecht gëllt fir déi  zäitleche Begrenzung vu Mandater  an en absolut verantwortungsvollen Ëmgang mat der “chose publique” .