Carte blanche : Kritik aus dem Ausland (RTL 02.05.14)

(02.05.2014)

Wann auslännesch Politiker oder Journalisten Lëtzebuerg attackéieren, ass d’Opreegung heiheem meeschtens grouss. Lescht Beispill: Déi absolut penibel europapolitesch Bemierkungen vum Laurent Wauquiez. De franséischen UMP-Politiker, deen esouguer emol delegéierten Europaminister an eisem Nopeschland wor, huet Lëtzebuerg einfach esou quasi d’Legitimitéit oferkannt, een eegestännegt a fonctionnéieren Land ze sinn. Lëtzebuerg, esou dem Wauqiez seng These, ass net prett Member vun enger Art Käereuropa ze sinn. Méi domm geet et net. D’Opmierksamkeet, déi den Monsieur Wauquiez an Lëtzebuerg mat sengem Äusserungen hat, ass verständlech. Novollzéibar och den Ierger an déi hefteg Reaktiounen.

Mir si betraff a regen eis op. Dat wor déi richteg Reaktioun. Awer déi Betraffenheet spillt net ëmmer, wann am Ausland iwwer eis geschwat  oder geschriwwen gëtt. Opschonns dat méi oft duerchaus ubruecht wier. Och hei ee rezent Beispill: Et geet em déi sougenannten implizit Verschëldung vun den EU-Staaten. Dat ass déi Schold, déi duerch Engagementer entsteet,  déi eréischt an der Zukunft Wierkung weisen. Et kéint een vun enger nohalteger Schold schwätzen.

Wéi och ëmmer: Wat an dësem Kontext d’lescht Woch däitsch Experts’en publik gemaach hunn, misst eigentlech heiheem fir Onrou suergen. Virun allem an der politescher Klass. Ëmmerhin gesäit et esou aus, dat Lëtzebuerg relativ séier vun engem europäeschen Musterschüler zu engem echten Krisekandidat kéint ginn. Eben well mer hei a gudden Zäiten net déi Reformen an d’Wee geleet hunn, déi längerfristeg ee positiven Impakt op d’Staatsfinanzen hätte kennen hunn.

Nu ass dëst net enger Partei hier Schold. Hei geet et vill méi em en Mentalitéitsproblem. Halen wat mer hunn. En acquis ass en acquis. Am beschten ëmmer méi an eng Solidaritéit, déi méiglechst breed wierken muss. Esou huet de Konsensmodell heiheem fonctionnéiert. Wéi dësen awer ze finanzéieren ass, huet déi mannst interesséiert. Och dann net, wann ëmmer méi Scholden hu misse gemaach ginn.

Nach si mer wäit vu franséischen Verhältnisser ewech, un deenen – fir des Paranthèse ze maachen – och den Häer Wauquiez näischt wiesentleches geännert huet. An dach ass et wichteg, dat mer hei am Land och op konstruktiv-kritesch Stemmen aus dem Ausland lauschteren. Net alles, wat iwwer Lëtzebuerg gesot gëtt ass pauschal ze veruerteelen. Intelligent nolauschteren an déi richteg Konklusiounen zéien ass an esou Fäll déi besser Reaktioun, wéi déck Backe maachen an de Kapp an de Sand stiechen. Dat kenne mer eis net méi leeschten. Net an Europa a scho guer net doriwwer eraus.