Carte blanche: Neue Politik? (RTL 11.07.14)

(11.07.2014)

Gëschter op den Dag genee virun engem Joer war am politeschen Lëtzebuerg op ee Schlag alles anescht.

D’Enn vun der CSV-LSAP-Koalitioun. Neiwahlen. Abee, d’Geheimdéngschtaffär huet eng Zort Äerdbiewen ausgeléist. Mat dem bekannte Resultat. Den 20. Oktober gouf gewielt an dat, wat virdrun ofgemaach wor, ass an d’Praxis ëmgesat ginn: Eng Regierung ouni d’CSV.

Dat et eng ofgemaache Saach wor, bestreit haut kee méi esou richteg. Op mannst hanner de Kulissen net. An och dat ass am Fong Schnéi vu gëschter.

Interessant ze kucken ass, wat déi nei bis elo fäerdeg bruecht hunn. Virun allem am economeschen a soziale Beräich. An deene Politikfelder also, an deenen Lëtzebuerg muss fit gemaach ginn fir d’Zukunft.

Also,  wat huet dann elo geännert?

Wann een am Hibléck op d’Tripartite déi lescht Deeg gelauschtert huet, wat vun Gewerkschaften a Patronat gesot ginn ass, kéint ee mengen et wier eigentlech alles iergendwéi beim Ale bliwwen. D’Kommentaren iwwer d’Regierungsaarbecht vun haut gesinn à peu près esou aus wéi déi virun der neier politescher Zäitrechnung.

Et schéngt, mir sinn als Land net richteg anescht ënnerwee. Leider.

Wat allerdéngs richteg nei ass, oder besser gesot, komme soll, sinn Referenden. 4 Froen sollen dem Vollek d’nächst Fréijoer gestallt ginn.  Véier mol sollen  d’Lëtzebuerger iwwer quokeleg Froen hier Meenung soen kennen.

Besonnesch wichteg schéngt mir d’Fro vum Auslännerwalrecht ze sinn. Geet et dach hei em eng grondsätzlech Fro, déi bestëmmend ass fir déi politesch a gesellschaftlech Kohäsioun am Land.

Eigentlech misst et an dëser Fro kee Referendum ginn. Ouni weideres hätten di dräi Koalitiounsparteien ee Projet kenne virleeën, deen dat ëmgesat hätt, wat Gréng, Blo a Roud virun de Walen kloer gesot hunn. Déi 3 Parteien  haten sech eendeiteg dofir ausgeschwat, den  Net-Lëtzebuerger d’Recht ze wielen anzeraumen.

De Courage dëst elo ëmzesetzen fehlt.

Leider. Do komme mer d’Aussoen vum Ben Fayot virun e puer Wochen hei op der Antenne an de Kapp. Den Här Fayot huet zum Anniversaire vum Ofschafen vun der Doudesstrof hei zu Lëtzebuerg gesot, d’Politik misst Verantwortung iwwerhuelen an normativ Virreider spillen. Dëst besonnesch a Froen, déi wann een se an e Referendum kleed, der vox populi net an de Krom passen. Am Kloertext: Ee Referendum zur Doudesstrof soll an dierf een net maachen, sou den Här Fayot.

Déi Saach mam Courage an der gestalterescher an innovativer Kraaft a wiesentlechen gesellschaftlechen Froen gesäit Blo-Rout-Gréng anescht. Referendum heescht d’Zauberwuert.

Dat kann een esou gesinn. De Risiko besteet, dat dem Vollek ëmmer méi Froen zum Vote virgeluecht ginn. Mir falen der eng ganz Partie an. De Parteien, de Sozialpartner an aneren Akteuren aus der Zivilgesellschaft bestëmmt och.

Freet sech just, wat fir eng Plaz an deem System d’Politik nach huet?