Carte blanche : Referendum an Integratioun (RTL 10.03.15)

(10.03.2015)

Dräi Froen sinn elo nach iwwreg bliwwen. Dräi Froen also, déi dësen 7. Juni dem Vollek gestallt ginn. Dësen grouss ugelueten consultativen Test un der Basis ass esou ze soen een Highlight vun der Aktioun vun der Blo-Rout-Grénger Regierung. Et sollen, wéit e heescht, Jalonen gesat ginn am Sënn vun enger oppener Gesellschaft, engem méi modernen Lëtzebuerg.

E bëssen héich gegraff ass dat ganz sécher.

Mol ofgesi vun der Partizipatiounsfro sinn dëst keng Froen, déi Weichen stellen, wéi dat 1919, 1937 oder 2005 bei de Referenden eendeiteg de Fall wor.

Matt 16 Joer wielen goen oder net an eng Begrenzung vun de méiglechen Ministermandater op zweemol hannereneen  si jo net grad Moossnamen, déi et Land fundamental änneren dierften. Ganz au contraire. Ech huelen nëmmen déi lescht Saach mat de Regierungsmandater. Wat soll esou eng nei Regel an der Verfassung? Eigentlech missten d’Leit jo hurelen, wann een op des Aart a Weis an hir demokratesch legitiméiert Rechter agräift. Wielen a Leit bestëmmen, déi Politik sollen maachen, huet näischt mat enger Dauer vu Mandater ze dinn. An iwwerhaapt: Hu mer effektiv hei am Land e Problem mat der Erneierung an der Politik? A wa jo, ass et net un de Parteien selwer dofir ze suergen, dat nei Leit eng Chance kréien?

A propos Chance! Eng reelle Chance bidd de geplangtenen Referendum, oder villméi déi domat verbonnen Debatte, dat mer eis als Land emol Gedanken maachen iwwer eis sozio-demographesch Situatioun an den economeschen Volet heivunner.

D’Ofhängegkeet vun auslänneschen Matbierger, déi hei wunnen oder heihin schaffen kommen ass enorm. Do gëtt et ganz einfach kee Verglach um Globus. Lëtzebuerg ass effektiv en Eenzelfall. Eenzelfall awer och am globalen Ëmgang mat den Net-Lëtzebuerger.

45 Prozent Net Lëtzebuerger wunnen a liewen zu Lëtzebuerg.

70 Prozent vun den Beschäftegten hei am Land sinn entweder Net-Lëtzebuerger déi hei wunne oder Frontalier’en.

Dat sinn d’Realitéiten.

Dat ass eng Erausfuerderung fir Politik.

Nun stellt ech d’Fro, ob een des Leit alleguer och politesch Matentscheeden soll loossen.

An hei ginn et am Prinzip zwou Äntwerten

Entweder et entkoppelt een d’Nationalitéit vum Walrecht

Oder et geet een de Wee, den Zougang zur Lëtzebuerger Nationalitéit méi einfach ze maachen an – einfach gesot – , dofir ze suergen, dat et heiheem méi Lëtzebuerger gëtt.

Wat och ëmmer de Wee wäert sinn. Méi Integratioun duerch méi Partizipatioun muss ganz einfach sinn.

Awer domat alleng ass et net gedoen. Well richteg Integratioun dat bedeit zesummen, mateneen ze liewen an net ewéi dat haut oft nach de Fall ass, zwar friddlech, awer dach niefteneen.